Aus der laangjäreger a gudder Zesummenaarbecht vun de Bridder Christophe a Jacques Arend mat BIO-OVO S.A. am Beräich vum Flëssegee, ass OVOLUX S.à r.l. entstanen.
D’Motivatioun fir dës Zesummenaarbecht waren:
– d’optimal Notzung vun der Sortéier- a Verpakungsanlag vu BIO-OVO S.A.,
– an d’Optimiséierung vun allen anere logistesche Prozesser, déi an der Eeër-Liwwerketten – vum Hung bis op den Teller – néideg sinn.
An eisem Eeër-Verpakungszenter zu Eeselbuer bei Klierf ginn d’Eeër vun 3 Marken op héichspezialiséierte Maschinne kontrolléiert, duerchliicht, op Hoerrëss a Verschmotzung gepréift, duerno verpaakt a fir den Transport prett gemaach.
Mir verpaken Eeër vun dräi Marken:
Den Transport vun de Bauerenhäff an de Pakzenter a vum Pakzenter bei d’Clienten gëtt exklusiv mat eisen eegene Gefierer gemaach: 2 Camionen an 2 Liwwerween.